rgb(255,255,255)
—

Dat Ellent an den Horror als Grenziwwerschreidung - e philosophesche Spagat
Mam Dr. Nora Schleich
Am Kader vun der Ausstellung Joyeuse Apocalypse ! vum Jérôme Zonder
Dat Ellent an den Horror schéngen eis ëmmer rëm unzezéien an eppes an eis bannendran unzeschwätzen. De Jérôme Zonder weess a senger Expo Joyeuse Apocalypse ! meeschterhaft domat ze spillen.
Mee wat soen d'Philosophen dozou? Wat ass dee Reiz, deen aus dem Eeklegen, dem Béisen an dem Grugelegen ervirgeet?
D'Dr. Nora Schleich beschäftegt sech scho vill Joere mat der Philosophie a virun allem mat der Ästhetik: Wat ass et, wat de Mënsch an hire Bann zitt? Si schreift a fuerscht, a vermëttelt a Virträg an Artikel passionéierend Momenter aus der Philosophie.
Foto: Jérôme Zonder, Joyeuse Apocalypse !, Exposvue. Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain, 2023